2022
Jan
3

Léif Clients, Frënn a Famill vun der Gréng Box

Zait ass komm vir Iech matzedeelen daß meng Aventure vum Nohalltegkeets Buttek op en Enn geet. Eng flott an erfollegraich Zait leit hannert mer, an lo gett et Zait vir en neien Wee anzeschloen. D‘Gréng Box wuar en Draam deen ech mer erfëllt hun. Vill Zait, Energie a Gedanken sinn an des Idee agefloss. Bruecht huet et mir immens vill. Ech hun léif Léit kennen a schätzen geléiert an haat ee gudd Gefill vir d‘Nohalltegkeet an eiser Regioun an iwert des Grenzen eraus virun ze dreiwen. Elo gett et Zait des Energie an mech selwer an a meng Famill ze investéieren. D‘Gréng Box bléift nach en puer Wochen op an de Stock gett zu gudden a fairen Praisser opgeleist. Ech soen Merci vir eng onvergiesslech Zait, Merci un meng Famill a Frënn vir hier Ennerstetzung.