Waat ass Gréng Box ?

Säit e puer Joer scho passe mir heiheem dorobber ob vir net all ze vill Eewee Verpackungen ze benotzen. Et gi Momenter do geet et mol méi mol manner gutt. Oft sinn et Klengegkeeten, déi ee ganz gutt an den Alldag kann integréieren, awer oft ass et awer och schwéier vir Alternativen ze fannen. D’Gréng Box ass aus enger Iddi eraus entstanen. Des Iddi ass ëmmer méi a menger Virstellung gewuess, an elo sinn ech houfreg vir zu Wolz ee Buttek opzemaachen deen e bëssi anescht ass: en huet aner Auerzäiten an e bitt Produkter un déi dain Alldag méi nohalteg maan. Komm luuss eran a looss dech alueden en puer kleng Schrëtt a Richtung manner Offall ze maan.